Zäitzeien: ëmmer nach nei Erkenntnisser
26/01/2016
Virun 71 Joer gouf Auschwitz befreit.
De 27. Januar 1945 hat d' Rout Arméi dat gréisst Vernichtungslager, an dem iwwer 1,1 Millioun Mënschen ëmbruecht goufen, befreit. Eng Rei Gedenkzeremonien stinn hei um Land um Programm an iwwerdeems dauchen ëmmer nei historesch Sourcen iwwer d' Krichsjoeren op: eng jonk Fuerscherin vun Tréier mécht Recherchen iwwert ee Fraelager zu Flussbach bei Wittlich, wou och Lëtzebuergerinnen gefaange gehale goufen.