Den Jungle vu Calais gëtt geraumt!
29/02/2016
Den Jungle vu Calais soll verschwannen. En Succès fir Prefektur an Gemeng, eng Défaite fir d' Hëllefs Associatiounen an eng batter Realitéit fir Migranten.
Ëmmer erëm ass Migranten Problematik zu Calais an de Schlagzeilen vun der internationaler Press. Prefektur wollt dass dat ophält. Si haten virun 2 Wochen en Ultimatum gestallt fir den Camp ze raumen. 10 Associatiounen ob der Platz an 238 Flüchtlingen awer hunn en Recours gefrot an eng Plainte déposéiert. Verwaltung s Gericht vun Lille huet sech domat befaasst an en leschten Donneschden ass den Verdikt gefall. D ‘halschent vum Camp gëtt awer geraumt.
