Jonk Fuerscher ëmmer méi originell!
21/03/2016
Ouni Nowuess geet et net. Och net an der Fuerschung.
An egal op d’Researchers Days, de Concours Jonk Fuerscher oder Cherceurs à l’école. Et gëtt vill duerfir gemaach fir déi Jonk hei am Land fir d’Fuerschung ze begeeschteren. Ee vun den Haaptpräisser beim Concours “Jonk Fuerscher” gouf un den Olivier Nick a Yann Bernard. Si hunn e Roboter entwéckelt deen d’Beweegung vum Mënsch erkennt an deem dann no geet. Sou wier des Technologie och a méi groussem Moossstaf asetzbar.
