D'Logik vum Supermarché a wéi eis Verpackunge beaflossen
01/03/2017
Beim Verkaf vu Produiten bleift näischt dem Zoufall iwwerlooss: Ugefaange bei der Verpackung oder der Placéierung am Supermarché hin zur optimaler Beliichtung.
Wann een an de Supermarché akafe geet, dann ass een a Gedanke wuel an éischter Linn bei sengem Akafsziedel an éischter manner hannerfreet een, wéie Wee een elo genee zeréckleet oder firwat een sech ënnert all den Alternative grad fir deen ee Produit entscheet. Ma beim Opbau vum Supermarché bleift näischt dem Zoufall iwwerlooss, genee esou beim Araume vu Regaler oder dem Designe vu Packungen. Wat sinn d’Iwwerleeungen dohannert a wéi loosse mer eis dovu beaflossen?
