Reportage: Een Dag am Prisong

14/11/2017

D’Monica Semedo duerft zwee Giischtercher während hirer Schicht begleeden. E Beruff mat villen Erausfuerderungen.

De Beruff vum Giischtje besteet net nëmmen doranner, Dieren op an zou ze spären. Verbal a kierperlech Aggressiounen, souwéi Konflikter tëscht de ronn 600 Prisonéier gehéieren hei zum Alldag. Als Prisongsbeamte brauch een eng déck Haut an et dierf een dobäi ni vergiessen, datt hannert all Gefaangenen och e Mënsch stécht.

iTunes