E Liewen ouni Auto: Eng RTL-Journalistin mécht den Test!
Kéint dir Iech e Liewen ouni Auto virstellen? Wëssend datt et hei zu Lëtzebuerg esouvill Autoen pro Awunnerzuel gëtt ewéi soss néierens an der EU: wuel net!
Den Auto ass fir eis e Statussymbol. En ass kamoud! Et ass ee flexibel dermatt, selbstänneg, an den Trafic huele mer a Kaf! Mä de Problem op de Stroossen gëtt ëmmer méi grouss an dofir sinn d'Fuerderungen vun de Bierger un d'Politik och ganz grouss! Mä d'Fro vläicht ëmgedréint gestallt: wat géif dir maachen fir datt et op eise Stroossen besser rullt? Ëmklammen op den ëffentlechen Transport? Dat maachen hei am Land leider déi mannsten, aus diverse Grënn, ma vriop a vrun allem fannen déi meescht den Auto einfach méi praktesch. Wéi ëmständlech d'Liewen ouni déi eege 4 Rieder ass, dat wollt eis Journalistin Deborah Ceccacci dann awer selwer erausfannen an huet dofir Auto géint Bus ëmgetosch. E Liewen ouni Auto, an eisem Top Thema!
