Tabu-Thema Spillsucht: En Temoignage vun 2 Betraffenen
05/11/2018
Eemol am Glécksspill wannen: Fir déi meescht e ganz euphoreschen Ament. Fir déi 2 Betraffen am Reportage awer deen, deen hiert Liewen un d'Kippe bruecht huet.
De Laurent an den Tom. 2 Betraffener, déi awer komplett anonym bleiwe wëllen aus Angscht, vun der Gesellschaft ofgestempelt ze ginn. Si erzielen op eng ganz éierlech Manéier iwwer hir Spillsucht an déi deels ganz dramatesch Suiten dervun. E Reportage, an deem och déi zwou grouss Glécksspillinstitutiounen am Land zu Wuert kommen.
