Rosamunde Pilcher behind the scenes

12/02/2019

Dem Tommy Schlesser säi Rosamunde Pilcher Optrëtt dëse Sonndeg hat e grousse Public. Eleng an Däitschland hu bal 6 Millioune Leit gekuckt.

Dat sinn déi beschten Zuelen zanter 2 Joer. Dass e Film esou e Succès huet, dofir sinn net just d’Schauspiller an de Realisateur verantwortlech. Mee eng ganz Ekipp, déi matschafft. Mir huelen Iech hannert d’Kulisse vum Dréi am Cornwall mat.

iTunes