De Celestino Fecchi huet eng Rees op Faro gewonnen

Bei der Aktioun "Lëtzebuerg seet Merci" gouf um Méindeg eng weider Rees verspillt.

Et war en aussergewéinlecht an ustrengend Joer fir eis all. Fir de Leit Merci ze soen, huet d'Luxair eng Aktioun lancéiert, bei där Leit nominéiert goufen, déi wärend der Pandemie duerch hiren Asaz, hir Hëllef oder einfach hir Frëndlechkeet anere Leit Kraaft a Courage geschenkt hunn.

Ee vun de Gewënner ass de Sportsmoniteur Celestino Fecchi. Eng Ekipp vum RTL war hien op Zolwer besichen an huet hie mat enger verspillten Dramvakanz iwwerrascht.