D'Geraldine Canovi gouf mat enger Rees iwwerrascht

Déi lescht Wochen hu mer se online an iwwert de Radio gesicht, d’Helde vum Alldag, wärend der Kris vum leschte Joer an dës ganz Woch soe mir Merci.

Haut wëll d’Tessy seng Frëndin d’Geraldine iwwerraschen. Leider gesi si sech net sou dacks, wéi si dat gären hätten. Dat well dem Geraldine seng ganz Fräizäit drop geet, fir sech als Fräiwëllege beim CGDIS ze engagéieren. D’Geraldine Canovi fiert elo zanter 10 Méint bei der Ambulanz mat an engagéiert sech zanter 5 Joer elo beim Groupe support psychologique. Virun allem elo an der Pandemie war dat keng einfach Aufgab. Dofir wëll d’Tessy dem Geraldine Merci soen an huet hatt nominéiert, fir emol eng Kéier no sech ze kucken an eng Woch laang eng Auszäit ze gewannen. Fir d’Geraldine geet et fir eng Woch op Malta mat enger Persoun vu sengem Choix an den Hotel Intercontinental.