D'Monique gouf mat enger Rees iwwerrascht

Déi lescht Wochen hu mer se online an iwwert de Radio gesicht, d’Helde vum Alldag, wärend der Kris vum leschte Joer an dës ganz Woch soe mir Merci.



An och haut gëtt nees am Kader vun eiser Aktioun "Lëtzebuerg seet Merci" eng Rees verschenkt. A Merci soe wëll d'Cilly hirer gudder Frëndin a fréierer Aarbechtskolleegin Monique. Jorelaang hu si zesummen op der Palliativstatioun geschafft, zanter leschtem Joer dann och op der Covid-Statioun. D'Monique war et och déi d'Cilly deemools als jonk Infirmière ugeléiert huet an hir an all deene Joren eng "enorm Stäip" war, wéi d'Cilly seet. Elo ass d'Monique zwar pensionéiert, weist awer nach weiderhin Asaz am Kampf géint de Coronavirus. D'Vidosava Kuzmic huet déi zwou Frae kënne geléiert a war mat dobäi wéi de Vakanze-Bong iwwerreecht gouf.

iTunes