D'Elise Pessers gouf mat enger Dramvakanz iwwerrascht

Déi lescht Wochen hu mer se online an iwwert de Radio gesicht, d’Helde vum Alldag, wärend der Kris vum leschte Joer an dës ganz Woch soe mir Merci.



D'Marie-Christine Soumer aus dem Nuetsfoyer Abrisud vun Esch-Uelzecht huet d'Elise Pessers nominéiert. Si béckt de Bewunner vum Foyer zanter engem Joer all Dag Kuch an iwwerrascht och d'Personal reegelméisseg mat engem léiwe Gest. Duerfir wëlle si der Madamm Pessers Merci soen.



"Dir musst mir dach net Merci soen. Ech maachen dat gär." Dat sot d'Elise Pessers vun Déifferdeng, wéi mer si mat enger Dramvakanz iwwerrascht hunn. Dobäi huet si et méi wéi verdéngt. Si setzt sech nämlech zanter engem Joer fir déi Leit an, déi kee festen Dag iwwert dem Kapp hunn.

iTunes