Ukrainescht Haus

15/03/2022

E Stéck Doheem wäit fort vun doheem

De Krich an der Ukrain mécht ville Leit Suergen, dausende Leit hu schonn hiert Liewe gelooss a Millioune Mënsche sinn op der Flucht a kommen dann ënnert anerem och bei eis op Lëtzebuerg. An der Gemeng Stroossen huet ee séier missen Initiativ ergräifen, vill privat Persounen hunn ukrainesch Bierger opgeholl an och d'Gemeng selwer huet sech eppes Besonnesches afale gelooss. D'ukrainescht Haus zu Stroossen ass eng Plaz, wou ukrainesch Refugiéë sech kënnen austauschen an treffen, a fir Kanner sinn och vill Aktivitéite geplangt.

iTunes