Wiederphenomeen - Wüüste-Sand zu Lëtzebuerg

16/03/2022

Et war schonns eng méi speziell Wieder-Situatioun um Mëttwoch.

D'Luucht war de ganzen Dag iwwer dréif an et huet een et och um Buedem an virun allem op den Autoe gesinn. Wüüste-Sand aus der Saharah koum mam Wand bis an Europa. Op verschiddenen Plazen, virun allem am Süde vun Europa, war de Sand nach méi present, ma och zu Lëtzebuerg war d'Konzentratioun vu Stëbs an der Loft, fir eis Verhältnisser, relativ héich.

Dass dee Stëbs leie bleift, läit och um "Bluttreen". Well sou nennt een de Reen, wann e vill Sand mat erof bréngt an doduerch eng méi roudelzeg Faarf kritt. Och den Himmel hat eng éischter ongewéinlech Faarf. Mir hu bei eisem Wieder-Expert nogefrot wéi et lo mat dëser Situatioun viru geet.

iTunes