Neien Europa-Lycée hëlt nach Inscriptiounen un
27/09/2022
Zanter der Rentrée suivéiere ronn 170 Schüler den europäesche Schoulprogramm am Container-Gebai "Blumm".
Eng RTL-Equipe war am Kader vun der Journée européenne des langues den neie Lycée um Campus-Geesseknäppche besichen an huet do mat der Directrice vun der Schoul Jessy Medinger iwwert d'Wäertschätzung vun de Sprooche geschwat.
