Escape Game

Sech an d'Haut vun engem Croix-Rouge-Mataarbechter am Krichsgebitt versetzen

Fir d'Leit fir humanitär Hëllef an Vëlkerrecht ze sensibiliséieren, huet d’Lëtzebuerger Rout Kräiz eng ganz besonnesch Aktivitéit organiséiert.

De leschte Weekend war schonn déi zweet Editioun vum sougenannten Escape Game, dee vun der Lëtzebuerger Hëllefsorganisatioun organiséiert gouf, dëst Kéier an der Abtei Neimënster. Wat de But vun dësem Spill war a wéi eng Rätselen d'Participante hu misste léisen, dat huet sech eng RTL-Ekipp op der Plaz ugekuckt.

iTunes