Super Bowl LVII: Mir waren bei engem Public Viewing dobäi
13/02/2023
An der Nuecht op e Méindeg hu vill Leit wéineg geschlof, fir sech kënnen d'Finall vum American Football live unzekucken.
Dëst Joer stounge sech d’Chiefs an d'Eagles an der Finall géintiwwer a well och zu Lëtzebuerg sech ëmmer méi Leit dat ukucke wëllen, gouf et vereenzelt e Public Viewing. Esou och an engem Café am Kinepolis um Kierchbierg, wou mir mat der Kamera dobäi ware . Wat motivéiert d'Leit, matzen an der Nuecht opzebleiwen, a wéi gesäit et den Dag drop aus mat der Aarbecht, falls een net fräi krut? Mir ware bei der Entscheedung vum Gewënner vun der Vince Lombardi Trophy an der Nuecht live mat dobäi an hunn op all dës Froen eng Äntwert fonnt.