Kinotipp: "Asteriod City" vum Wes Anderson

06/06/2023

Nom eklektesche Film THE FRENCH DISPATCH mellt den amerikanesche Realisateur Wes Anderson sech mat sengem wuel perséinlechste Film zeréck.

Dëst Joer gouf de Film an der offizieller Competitioun zu Cannes virgestallt an de Weekend vum 10. Juni feiert e seng Avant-Première am Ciné Utopia.

Matten an der Wüüst am Weste vun Amerika kommen Kanner an hir Elteren an der klenger Stad vun Asteroid City zesummen, fir un enger Konferenz vu jonken Astronomen a Weltall-Kadetten Deel ze huelen, wou en iwwerraschend Evenement fir Onrou wäert suergen.
De Wes Anderson ass sécherlech den zäitgenëssesche Cineaste mam erkennbaarste visuelle Stiel. Symmetresch Cadragen, laang lateral Kamerabeweegungen droen ëmmer nees hiren Deel zu enger extrem artifizieller an ëmsou méi absurder Welt bäi. Dëst ass bei ASTEROID CITY net aneschters, obwuel an dëser “Mise en abîmes” vun engem Theaterstéck dat am Film verfilmt gëtt nach méi eng grouss an erdréckend Nostalgie zum Virschäin kënnt wéi dat soss beim Anderson de Fall ass. De Verloscht an Trauer stinn am Mëttelpunkt vun dësem eemolegen an anachronisteschen Science Fiction Film, deen net ouni eng gewësse Poesie ass. Ëmmer nees kritt de Spectateur gesot, datt e net erwäche kann, wann em net aschléift, a genee dëst Gefill vun Dreemen mat den Aen op ass d’Essenz selwer vum Anderson sengem Kino, deen hei op gewinnte Manéier vun engem grandiose Schauspillensembel dee vum Scarlett Johansson bis hin zum exzellenten Jason Schwartzmann ugefouert gëtt.

iTunes