De Summermagazin vum 21. August 2023

20/08/2023

130 Joer Schueberfouer um Glacis - E Réckbléck op d’Fouer mat Forainen an enger Fuerscherin

Zënter 130 Joer fënnt een d’Schueberfouer elo schonn um Glacis. D’Kiermes vun der Stad Lëtzebuerg huet eng laang Geschicht, déi 1340 ugefaangen huet als mëttelalterleche Maart um Helleg-Geescht-Plateau. 1610 sinn d’Stänn op déi deemools fräi Felder um Lampertsbierg geplënnert an zënter 1893 gëtt d’Kiermes op dem Glacis organiséiert.

Recherchë ronderëm d’Fouer sinn der scho vill gemaach ginn. Zënter Februar 2022 mécht d’Véronique Faber en Doktorat zum Thema Schueberfouer a kuckt sech déi laang Sechzeger Joren, dat heescht d’Joren tëscht 1945 a 1975 méi genee un.

iTunes