De Summermagazin vum 2. September 2023

Luthier ass e Beruff, vun deem déi mannst vun eis warscheinlech schonn eppes héieren hunn. Op Lëtzebuergesch géife mer soen: e Geiebauer.

Och hei zu Lëtzebuerg ginn et Leit, déi sech ëm den Entretien vu Geien an anere Sträichinstrumenter wei zum Beispill Celloen oder och nach Kontrabäss këmmeren. Zënter Januar gëtt et och zu Mamer esou en Atelier. Do hunn d’Melissa Henno an de Jacques Sanavia dem Joé Feiereisen en Abléck an hire Beruff ginn.

iTunes