Beim André Costa am Tirol: Lëtzebuerger mécht spektakulär Videoen a Fotoen
15/11/2023
Den André Costa ass am Studentenalter a lieft a schafft zanter deem hien 18 Joer al ass an der Haaptstad vun Tirol.
Dobäi kann hie seng Leidenschaft, de Klammsport, verbanne mat senger berufflecher Karriär. Hien ass Videograph a Realisateur an dréint Documentairen iwwer Extremsportaarten.
Eng RTL-Ekipp huet de Lëtzebuerger an Éisträich besicht an hie bei engem spektakulären Tournage an de Bierger begleet.