Zeltik 2024: Iresch Stëmmung matzen an Diddeleng
14/03/2024
Vum Donneschden den Owend u steet zu Diddeleng alles am Zeeche vum Zeltik.
Deen ass dëst Joer fir déi 28. Kéier a fänkt wéi gewinnt mat engem Concert an der Diddelenger Kierch un. De ganze Weekend ass volle Programm an et dierf ee sech op vill Sang a Klang freeën.