E Merci fir d'Rout Léiwen
27/03/2024
Amplaz eng Finall huet d'Lëtzebuerger Futtballnationalekipp en Dënschdeg just e Frëndschaftslännermatch géint Kasachstan gespillt.
D'Fans vun de roude Léiwe waren nawell um Rendez-vous. Zu iwwer 8.000 ware se komm, fir d'FLF-Formatioun unzefeieren an hinne Merci ze soe fir déi gelonge Campagne.