Nostalgie aus den 90er an 2000er: Wat mécht de Grënner vu party.lu haut?
10/04/2024
De Jacques Pütz erzielt, wéi hie party.lu lancéiert huet a wat hien haut mécht.
Fotoe vu Partyen um Internet kucken, ass haut dat normaalst vun der Welt ass. Virun enger Partie Jore war et eng Revolutioun. Ville Leit dierft party.lu nach e Begrëff sinn. Et war d'Zäit, wou et déi éischt digital Kamerae gouf, déi ee sech leeschte konnt. An dräi Joer, ier de Mark Zuckerberg mat Facebook koum. Op d'Bee gestallt gouf dat ganzt vum Jacques Pütz. Wat mécht hien haut, wou ass en drun? A wéi war dës geckeg Zäit, wéi den Internet ugefaangen huet, eist Liewen ze veränneren.