Lëtzebuerger Konscht an Afrika
30/04/2025
An de leschten 2 Joer huet d’Lëtzebuerger Regierung 5 nei Ambassaden uechter d’Welt opgemaach. Eng dovunner am Benin, engem klenge Land a Westafrika.
Beim Ubléck op d’Gebailechkeeten huet een awer éischter d’Impressioun gehat, wéi wann ee géif virun engem Prisong stoen. Dowéinst huet sech d’Ambassade mam Lëtzebuerger Street Artist Alain Welter zesumme gedoen, mam Zil, fir dësen Image-Problem opzebesseren.