Dirty Play vum Shane Black
13/10/2025
No engem geziilten Iwwerfall, deen an enger Course-Poursuite wärend enger Päerdscourse bluddeg op en Enn geet, ...
... gëtt de Palmer vun enger vu senge Kolleeginnen hannergaangen. Hien iwwerlieft als eenzegen vu senger Ekipp dëse Verrot, an ass natierlech op Revanche aus. Wann d'Rosa Salazar, genannt Zen, him awer eng onerwaarten Offer mécht, fir den Iwwerfall vum Joerhonnert ze maachen, kann den ambitiéise Palmer net Nee soen, och wann dat heescht. sech mat der New-Yorker-Mafia unzeleeën.
