Entwéckelt vum Science Club
12/02/2026
Den Hunneg-Challenge kënnt aus dem Science Club vum Naturmusée.
Si organiséieren Aktivitéite fir Jonker tëscht 11 an 18 Joer. Zil: den Nowuess fir d’Naturwëssenschafte begeeschteren. Nom Panda Club 1982 gouf virun 23 Joer de Science Club an d’Liewe geruff. D’lescht Joer hunn si iwwer 100 Aktivitéite proposéiert a sinn des Saison en Deel vun der Science Challenge Show.
