Zesummen amplaz eleng - Social Clubs si beléift
Eigentlech sinn et Aktivitéiten, déi en eleng maachen kann, ma ëmmer méi dacks trëfft ee sech fir se zesummen ze maachen. Sief dat elo Lafen, Liesen oder Molen.
Uechtert d'Welt gesäit een, wéi de Konzept vum Social Club ëmmer méi beléift gëtt an och elo hei zu Lëtzebuerg. Zanter 9 Joer trëfft sech de Fat Betty Run Club all Donneschden an der Stad, fir zesummen ze lafen an duerno eppes ze drénken. Ouni fest Engagement a mat voller Flexibilitéit.
Am Literary Baddies Book Club, deen d'Gabriela Zuntová am Mee 2025 gegrënnt huet, treffe sech eemol de Mount Mënschen aus de verschiddenste Länner an de Rotonden, fir iwwer Bicher ze diskutéieren.
Och d'Kristina Zhardanova huet 2024 mat enger Aarbechtskolleegin e Social Club gegrënnt. Bis zu sechs kreativ Workshops ginn all Woch ugebueden, vu Molen iwwer Mosaik bis hin zum Käerze maachen. Eenzegen Ënnerscheed hei: Si hunn e Business draus gemaach.
