De Summermagazin vum 2. August 2023 - Backstage

"Luxembourg Beach Open" - Dat gréisste Beachvolleyball-Turnéier gëtt et zanter 1995 an ass hautdesdaags net méi ewechzedenken ass.

Net nëmmen gëtt Beachvolleyball gespillt, ma och d’Ambiance ronderëm an déi grouss Party samschdesowes gehéieren dozou. E Stéck Minett duerch an duerch ! De Jean-Claude Adler ass zanter dem Ufank dobäi an erzielt eis d’Geschicht vum LBO. D’Lisa Bertinelli huet mat 15 Joer déi éischte Kéier mat gehollef a këmmert sech haut ëm déi ganz Programmatioun an der Regie. An de Gérard Thein ass zoustänneg fir d’Logistik. Ma am Ganze sinn ëmmer iwwer 50 Fräiwëlleger, déi eng Hand mat upaken. A wéi soe si sou schéin : « Virum Beach ass nom Beach ! ». Dofir gëtt et d’ganzt Joer iwwer ëmmer eppes ze dinn.