De Summermagazin vum 8. August 2023 - Outdoor
Tëscht Ohn a Meechtem läit ee klengt Paradäis un der Musel, deen eelste Waasserski Club vum Land.
Beim President vum Club, dem Claude Folschette, dréint sech scho säi ganzt Liewe laang alles ëm de Waasserski. Hien huet souguer eng Kéier bei enger Weltmeeschterschaft matgemaach.