De Summermagazin vum 19. August 2023

18/08/2023

Ganz dacks muss een net wäit lafen, fir eppes Neies ze entdecken. „Mir wëllen eis Heemecht weisen“, dat ass d‘Konzept vu „Guide for one Day“.

Plaze gesinn a Geschichten héieren, déi een esou nach net kannt huet. Fir déi 7. Kéier schonn gëtt dës Initiativ vum Tourismusministère organiséiert. Mir waren bei zwou Touren dobäi an hunn d‘Guiden besser kennegeléiert, déi sech fräiwëlleg Zäit huelen, fir Mënschen vun allen Nationalitéiten, alle Kulturen an Altersgruppen, e ganz perséinlechen Tour ze maachen. «Guide for one Day» leeft nach bis den 10. September an och elo nach kann ee sech gäre bei hinnen um Site vu guideforoneday.lu umellen, fir matzemaachen. Sief et als Guide oder als Participant.