De Summermagazin vum 28. August 2023

All zwee Joer gëtt den Olympesche Festival vun der Europäescher Jugend organiséiert – déi gréisste Sportveranstaltung fir jonk Athleten an Europa.

Dëst Joer war d’Evenement a Slowenien, wou eng lëtzebuergesch Delegatioun vu 35 Leit dobäi war. Vum 23. bis 29. Juli sinn déi jonk Lëtzebuerger Sportler an 11 verschiddenen Disziplinne géint hir Konkurrenten ugetrueden. Mir hunn d’Nowuesstalenter aus dem Judo an dem Cyclissem an der slowenescher Stad Maribor begleet.

Méi wéi 2.400 jonk Championen aus 48 Länner triede beim Olympesche Festival vun der Europäescher Jugend an enger Dose Sportaarte géinteneen un. 19 Lëtzebuerger goufe selektionéiert, fir sech eng Woch laang a Slowenien ze beweisen – dorënner fënnef Cyclisten. Bei enger internationaler Vëloscompetitioun matzemaachen, inspiréiert a motivéiert déi Jonk, déi aus dem ganzen europäesche Kontinent kommen.

"Et ass ee super stolz säi Land ze representéieren", esou déi jonk Cyclistin Sophie Mousel, "et ass eng Éier fir Lëtzebuerg ze starten". Och de Lenn Schmitz ass frou a Slowenien ze sinn, op deem "gréissten Event fir Jonker", wéi de Vëlosfuerer seet. Hir Vëloe si mat der Camionnette vu Lëtzebuerg a Slowenien komm, eng Streck vu bal 1.000 Kilometer. Wärend der Competitioun ginn d’Cycliste vun zwee Coachen an dem Alain Feiereisen begleet. De Mecanicien ass fir dat ganzt Equipement responsabel, ma am léifste këmmert hie sech ëm d’Sportler. "Ech hunn e Bouf gehat, dee laang Vëlo gefuer ass. Et si wéi meng Kanner, soen ech ëmmer. An dofir sinn ech matkomm. Ech maachen alles fir si, dat gehéiert dozou", erzielt den Alain Feiereisen.

Mat genee sou vill Passioun sinn och déi jonk Judokaen dobäi. Den Nicola Yatsko trëtt bei de Cadeten an der Kategorie ënner 66 Kilo fir de Grand-Duché un. "Ech wëll wierklech kämpfen, ech wëll weisen, wat ech alles kann", esou de jonke Sportler. Mat senge 16 Joer representéiert den Nicola Lëtzebuerg fir d’éischte Kéier bei enger internationaler Competitioun. Hien trëtt géint e kroatesche Judoka un, dee bei de Cadeten ënner 66 Kilo op der 13. Plaz op der Weltranglëscht ass. Ma dem Nicola säin Dram vun der Medail zerplatzt. De Kroat geet als Gewënner eraus. Fir de Lëtzebuerger Nationaltrainer Sascha Herkenrath-Wiemar zielt awer just eppes: "Das, was ich von meinen Athleten erwarte, ist dass sie den Kampf gewinnen möchten. Ich möchte in jeder Sekunde sehen, dass wir hungrig sind, dass wir gewinnen wollen. Was dann am Ende dabei rumkommt, ist noch mal was anderes, das sind zwei Paar Schuhe. Aber zumindest möchte ich Selbstbewusstsein aufbauen."

Opstoen, weider maachen, weider dreemen a grouss denken… Den Nicola Yatsko huet trotz senger Néierlag e kloert Zil virun Aen: enges Daags Gold bei der Olympiad gewannen.