Kommissar Flunti

De Flunti fënnt dem Komissar Paleowski säin Helm an deet en unn. Mat esou engem Polizistenhelm fillt hie sech responsabel fir ganz Knubbeldéng.

Mee do huet e vill ze dinn, well e béise geheimnisvollen Drecksdéif all d'Dreckskëschten iwwerfällt. Wien ass dat Dreckskëschte Monster? De Kommissar Flunti ass em op der Spuer.