D'Konschthaus zu Clierf
Eng Koppel wëllen hiert Haus "mat den honnert Dieren", wéi si et gären nennen, mat der Noperschaft deelen.
Jiddereen ass wëllkomm an hirer Téistiffchen a fënnt do net nëmmen e sympatescht Gespréich, ma kann och gratis u Sproochcoursen deelhuelen. Niewenbäi stellen déi zwee Konschtamateuren op zwee Stäck lokale Kënschtler hir Maueren zur Verfügung, fir hir Biller gratis kënnen auszestellen. Eng Iddi, déi si scho méi laang am Kapp hunn.