Rosi Thoss-Lehmann - Eng Goldmënz als wäertvoll Familljeierwen

D'Rosi Thoss-Lehmann, déi vill nach aus den Déckkäpp kennen, presentéiert bäi derwäert zesumme mat hirer Enkelin eng Brosch.

Dës huet eng agefaasst Goldmënz vun der Groussherzogin Charlotte. De Bijou gouf vun hirer Mamm verierft an huet d'Famill iwwer Joerzéngte begleet. Elo wëll d'Rosi gewuer ginn, wéi wäertvoll dëst Ierfstéck haut nach ass.