Jill Wagner - E Fliederbouquet mat onbekannter Vergaangenheet

D'Jill Wagner presentéiert bäi derwäert e Bild mat engem Fliederbouquet, dat si virun e puer Joer vun hirer Boma geschenkt krut.

Zënterhier hänkt et bei hir doheem a gehéiert zu de Familljereliquien, deenen hir Geschicht nëmmen nach zum Deel bekannt ass. Fir d'Jill steet dofir virun allem eng Fro am Mëttelpunkt: Wien ass de Moler Bressanini, a wat ass säi Wierk haut nach wäert?