Andrée Moos - E Bild mat vill Erënnerungen, mee ouni bekannte Geschicht

D'Andrée Moos presentéiert bäi derwäert e Landschaftsbild, dat schonn esou laang an hirer Famill ass, wéi si sech erënnere kann.

Wou d'Bild hierkënnt a wéi al et ass, weess si net. Elo, wou si an en Appartement plënnert, wëll si endlech méi iwwert d'Geschicht an de Wäert vum Familljestéck gewuer ginn.