Mord an enger Studentewunneng (2012)

Den 12. November 1992 gëtt an enger Wunneng op engem Universitéitscampus zu Bréissel d'Läich vun enger Studentin fonnt. Et ass d'Christiane Heiser.

Eng 21 Joer jonk Lëtzebuerger Fra vu Féiz. D'Christiane Heiser ass brutal ëmbruecht ginn. Hir Eltere waarden nach haut op Äntwerten, firwat hiert Meedchen huet misse stierwen. Hire Bréisseler Affekot ass iwwerdeems formell. Hien ass iwwerzeegt, den Numm vum Mäerder ze kennen. Vill Indizie schwätze fir e Mann, deen 1993 am Zesummenhang mat engem aneren ähnlechen Mord festgeholl ginn ass. Mä Beweiser feelen.

iTunes