D'Affaire Charles Missenard (2014)

De 26. Juli 1999 schreift en Dokter an der Eecher Klinik "mort de cause inconnue et suspecte" op den Doudeschäin vun enger 47 Joer aler Patientin ...

D’Fra heescht Beatriz Vidaror. Eng Police-Enquête gëtt déclenchéiert. Zwou Wochen nom Doud vun der Fra läit d’Resultat vun enger toxikologescher Expertise vir. Et ass eng déidlech Dosis vum Gëft Zyankali an den Analyse vum Beatriz Vidaror fonnt ginn. Een Dag no dësem Rapport gëtt hire Mann, de Charles Missenard, vun der Police judiciaire bei sech doheem festgeholl.

iTunes