Mam Nathalie Lamborelle iwwer d'Sécherheet vun de Cyclisten am Stroosseverkéier
13/12/2021

Dës Woch ass déi fréier Proficyclistin eis Invitée am Podcast "Drëtt Hallschent, de Sport-Talk".
D'Nathalie Lamborelle ass Presidentin vum Schëfflenger Vëlosclub. Si ass awer och Sportsprof a mécht sech Gedanken, firwat vill Kanner net méi léiere richteg Vëlo ze fueren. Mir hunn awer och mat hir iwwer d'Situatioun am Damme Cyclissem geschwat.