Kim a Joy Wirtz: "Privates a Sportleches kréie mir ëmmer gutt getrennt"

12/05/2025
Kim a Joy Wirtz: "Privates a Sportleches kréie mir ëmmer gutt getrennt"
Play

Dës Woch sinn déi zwou Schwëstere vum HB Diddeleng, d’Kim an d’Joy Wirtz, Invitéeën am Podcast Drëtt Hallschent.

Am nationalen Handball geet et an d’Schlussphas vum Championnat. Bei den Häre war de Weekend Paus, well déi Lëtzebuerger Nationalekipp an der EM-Qualifikatioun am Asaz war. Bei den Damme gëtt de Championstitel fir déi Kéier nom Titel-Playoff an enger Halleffinall- a Finalronn decidéiert. Zanter de leschten Donneschdeg stinn déi béid Finaliste fest. Am Best-Of-Three-Modus krit et de frësch gebakene Coupe-Gewënner Diddeleng mam HB Käerjeng ze dinn.