Claudine Schaul: "D'Anne sot zu mir: Hal de Bak a spill"
09/06/2025

Dës Woch ass d'Claudine Schaul Invitée am Podcast Drëtt Hallschent, de Sport-Talk.
Dës Woch ass d‘Claudine Schaul an der „Drëtter Hallschent“. Déi fréier Nummer 4 an der Tennis-Weltranglëscht ass zanter kuerzem d‘Kapitänin vun der Billie-Jean-King-Cup-Ekipp. Fréier war dat de sougenannte Fed Cup. Beim Rich Simon erkläert d‘Claudine Schaul wat d‘Aufgab vun der Kapitänin ass, wéi et mam Nowuess am Lëtzebuerger Tennis ausgesäit a firwat ëmmer méi Leit de Padel als nei Sportaart fir sech entdecken. Ausserdeem erzielt d‘Claudine Schaul och nach wéi wichteg d‘Spiller vun de klenge Länner sinn an datt et als klengt Land praktesch onméiglech ass, fir e puer Spiller gläichzäiteg an den Top 100 vun der Welt ze hunn.