Drëtt Hallschent mam Ultra-Cycliste Ralph Diseviscourt

09/02/2026
Drëtt Hallschent mam Ultra-Cycliste Ralph Diseviscourt
Play

De Ralph Diseviscourt geet am Juni un den Depart vun enger Course, déi iwwer 7.500 Kilometer vum Norkap an Norwgen op Tarifa a Spuenien geet

De Ralph Diseviscourt huet an de leschte Joren, wärend sengen extrem Courssen, Héichten an Déiften erlieft. Iwwer déi erzielt hien an der Drëtter Hallschent. Am Summer ass hien awer och mam Vëlo a Kanada, iwwer de legendären Dempster Highway gefuer. Och dat ass een Thema am Podcast. Dëse Juni geet hien un den Depart vun enger Coursse déi iwwer 7.500 Kilometer vum Nordkap an Norwegen op Traifa a Spuenien geet. Et wier dee Moment déi längtse Coursse, déi hien a senger Karriär gefuer wier.