Ënnerwee mat Stroum – Mam e-bike op d’Schaff.

22/04/2021

De Julien Havet huet et net alt ze wäit bis op d’Aarbecht. Gewunnt gëtt zu Bouneweg a geschafft am Zentrum vun der Staat.

Domat sinn et knapp 2,5 km déi de Julien fuere muss vun doheem bis op d’Schaff. Dat ass eng Distanz déi optimal ass fir den e-bike. Keng Parkplaz sichen, net am Stau musse stoen, frësch Loft a Beweegung sinn d’Haaptargumenter vum Julie fir mam Vëlo op schaffen ze fueren. Dobäi liwwert déi elektresch Ënnerstëtzung deen néidege plus un Motivatioun a Kraaft fir net verschweesst mussen an der Reunioun ze setzen.