Ënnerwee mat Stroum – op der Trottinette

20/05/2021

De Cédric ass iwwerzeegt vu senger elektrescher Trottinette,...



well en domat immens mobil ass an zemools an der Staat fir kuerz Distanzen dat ideal Fortbeweegungsmëttel ass. Déi elektresch ugedriwwe Vehikelen hunn an de leschte Joren ëmmer méi Stadbiller gepräägt a sinn och dacks an d’Kritik geroden. Trotzdeem ass den Cédric frou mat senger Trottinette, well en se séier um normale Stecker kann oplueden, an se féx zesummegeklappt och mat an den Tram kann.