Episod 3 – Claude
De Claude Kutten schafft am Ingenieursbureau bei der Firma SAB um Potaschbierg.
De Claude Kutten ass un der Konstruktioun vun Armaturë fir Héichiewen a fir d’Glasindustrie bedeelegt. Dës héichspezialiséiert Eenzelstécker gi restauréiert oder nei gebaut, a kommen op der ganzer Welt an den Asaz.