Dream too much - Turnup Tun & CHAiLD

16/03/2023

Fir d'Initiativ "Eis Stëmmen" sangen den Turnup Tun an den CHAiLD iwwert d'Thema Schoul.

Jiddereen hei am Land war mol eng Kéier oder ass aktuell nach an der Schoul. Mee net jiddereen huet gutt Erfarungen an der Schoul gemaach. Doriwwer sangen den Turnup Tun an de CHAiLD. Si wëlle mat hirem Lidd Jonker encouragéieren, dat ze maachen, wat si wierklech wëllen. A méi wäit ze dreemen. Si selwer hätte sech an hirer Schoulzäit méi Plaz fir Kreativitéit gewënscht. A méi Ënnerstëtzung wann ee seet “Ech wëll Musek maachen”. Well all Schoulfach ass wichteg an eng Gesellschaft brauch och ënnerschiddlech Beruffer, sote si am Interview. Dat sollt och an der Schoul méi vermëttelt ginn.

Dream too much
Lyrics: CHAiLD & Turnup Tun
Music: Turnup Tun
Production: Turnup Tun
Video: FOQUS
Location: Unison Studios