Smarty: Den intelligente Stroumzieler

19/02/2025

De Smarty mécht eist Stroumnetz méi intelligent an transparent.

Amplaz dass een de Stroumverbrauch just eemol d’Joer ofliese léisst, kritt een elo all 15 Minutte genee Donnéeën. Fir privat Stéit an d'Industrie bedeit dat méi Kontroll iwwer hiren Energieverbrauch a fir d'Stroumnetz eng besser Steierung vun der Produktioun an dem Verbrauch. Wéi funktionéiert dat genee? Wéi hëlleft et, d'Netz fir d'Zukunft fit ze maachen? An a wéi enge Situatioune brauch een een oder zwee Compteuren? Dës Reportage gëtt Äntwerten.