Occasiouns-Elektroautoen

07/05/2025

Säit dem 1. Oktober ënnerstëtzt de Staat de Kaf vu gebrauchten Elektroautoe mat enger Prime vun 1 500 €. Awer wéi grouss ass d’Offer um Occasiounsmaart?

Wéi al däerfen d’Gefierer sinn, a wéi gesond muss en d’Batterië sinn? An dëser Episode vun den Energietipps weise mir op wat ee beim Kaf vun engem eAuto aus zweeter Hand oppasse muss.