Home
Shows
Podcasts
Live
Lëtzebuerger Geschicht emol anescht. Skurril Anekdoten a Personnagen, déi ee scho bal vergiess hat.
Play episode
Rundstedtoffensiv
Lëtzebuerger Geschicht emol anescht. Skurril Anekdoten a Personnagen, déi ee scho bal vergiess hat.
Méi op RTL.lu
Méi op RTL.lu
Episodes
Related
3m 21s
Rundstedtoffensiv
Am Hierscht 1944 rullen déi éischt amerikanesch Panzer a Richtung Stad Lëtzebuerg.
3m 58s
Liewen um Duerf
Virum leschte Krich an och duerno bis an 60er Joren waren déi meescht vun eisen Dierfer eng Aart autark, kleng Gemeinschaft.
6m 9s
Zéintscheier
Matzen a Maacher, e Kazesprong vun der Kierch ewech, läit e wäertvollt historescht Gebai, déi sougenannten Zéintscheier.
3m 35s
D'Mobilitéit
Am 6. Joerdausend viru Christus sinn déi 1. Päerd domestikéiert an d‘Rad erfonnt ginn.
3m 48s
Déi 28. US-Divisioun zu Munzen
Am November 1944 huet sech déi 28. US-Infanteriedivisioun no schroe Kämpf a Verloschter aus dem Huertgenwald an Dierfche Munzen bei Clierf zeréckgezunn.
3m 43s
Spioun fir d‘Amerikaner
1945 ass den Emil Schwirtz vum Generol de Gaule mat der « croix de guerre avec étoile de vermeil » ausgezeechent ginn.
3m 44s
D'Waasserbuerg zu Pëtten
Am Uelzechtdall zu Pëtten (Miersch) läit eng gutt erhale Waasserbuerg aus dem 13. Joerhonnert, wou virdrun eng sougenannte Mottenbuerg soll gestanen hunn.
3m 28s
De Kundel
Zu Maacher gëtt et déi ural "Turgass", wou de „Kundel“, den eenzege Wäschbuer bannent de Maacher Maueren, geplätschert huet.
3m 50s
Den Nikloskierfecht - 1. Deel
Den Nikloskierfecht um Glacis, och Notre Dame-Kierfecht genannt, gëtt well am Joer 1691 ernimmt.
3m 42s
Den Nikloskierfecht - 2. Deel
Den Nikloskierfecht, dee well 1691 ernimmt gëtt, huet duerch seng kleng an grouss Griewer a Monumenter a senger laanger Geschicht vill ze verzielen.
3m 21s
Tempelritter zu Veianen - 1. Deel
Virun 900 Joer gouf den Uerde vun den Tempelritter gegrënnt.
3m 22s
Tempelritter zu Veianen - 2. Deel
Rezent Fuerschungen hunn erginn, datt de mächtegen Uerde vun den Tempelritter schonns am 12. Joerhonnert täteg war.
3m 33s
E Scholdschäin
Déi adeleg Famill von Metzenhausen aus dem Honnsréck huet 1506 d‘Schlass vu Buerglënster iwwerholl.
3m 23s
De gebockelegte Prënz
2. Halschecht vum 18. Joerhonnert . An der Festung Lëtzebuerg residéiert en aparte Personnage, de Frederick Augustus Prënz vum Fürstentum Anhalt–Zerbst.
3m 38s
Téipeschmännchen
Op der Plaz genannt „op Téipesch" huet e Mann zwee Mol e Geescht gesinn, deen him opgelauert huet.
3m 34s
De grousse Brand
Gréiwemaacher 1822. Géint 13 Auer ass um Eck vun der Diddenuewenerstrooss an der Syr, wou déi meescht Haiser mat Stréi gedeckt waren, e Feier ausgebrach.
5m 2s
Schueberfouer
De Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen a Grof vu Lëtzebuerg schenkt am Oktober 1240 der Stad de Privileg vun engem Joermaart als Ofschloss vum Karschnatz.
3m 39s
D'Kriechingerhaus
Um Plateau an der Fiels - dee scho vun de Kelte besidelt war - ass Mëtt vum 11. Joerhonnert eng Buerg entstanen.
3m 29s
De Krautmaart
Eng vun deenen historesch interessantste Plazen an der Stad ass ouni Zweiwel de „Krautmaart“.
3m 31s
Antimon - 1. Deel
Och d’Réimer sollen schonn zu Géisdrëf den Antimon gesicht hunn, fir dee mat mat Bläi an Koffer ze vermëschen.
3m 55s
Antimon - 2. Deel
Am Éislek zu Géisdref gouf zanter Gottgedenken no dem seelenen Äerz Antimon gebuddelt.
3m 17s
D'Burgunder zu Klierf
1413. D’Elisabeth vu Görlitz krut d’Land als Dott iwwerdroen a féiert mat hirem Mann dem Anton vun Burgund en strammt Regiment.
3m 37s
Historesch Sensatioun
Virun 2 Joer huet e Geschichtsstudent zu Wien am Albertina Musée e meterlaangt Panorama-Bild aus der Mëtt vum 18. Joerhonnert entdeckt.
3m 41s
D'Oktav
Haut gehéiert d’Oktav zur offizieller immaterieller Kulturierfschaft vum Land.
3m 34s
De Woner
Zu Gréiwemaacher gëtt et eng kleng Gaass – d‘rue des bâteliers – wou eng Wonerfamill iwwert 3 Generatiounen hëlze Ween a Rieder fabrizéiert huet.
3m 35s
De Figaro
Scho virun 3300 Joer gouf et bei den Ägypter Spezialisten, déi Hoer geschnidden, gefierft an och Perrécke gebastelt hunn.
3m 53s
D'Polververschwierung
1. Halschecht vum 18. Joerhonnert, d'Éisträicher sëtzen an der Festung Lëtzebuerg a fäerten all Ament vun de Fransousen ugegraff ze ginn.
3m 38s
De Wäin bei de Réimer
Eng gutt 2000 Joer sinn et hier, zanter dass Drauwen op der Musel ugeplanzt goufen an d'Reimer d’Wäikultur bei eis agefouert hunn.
3m 24s
De Lakert
Iwwer d‘Joerhonnerten huet d‘Jéinesch – d‘Geheimsprooch vun den Lompekréimer - de Lakerten - zu Weimeschkierch an am Pafendall bis haut iwwerlieft.
3m 40s
D'Jéinesch
Weimeschkierch a Pafendall ware laang Zäit Héichbuerge vun de Lompekréimer, déi a Wunnwee gelieft an ënnert sech d'Geheimsprooch Jéinesch geschwat hunn.
3m 47s
De Lompekréimer
Weimeschkierch a Pafendall ware laang Zäit Héichbuerge vun de Lompesammler a Lompekréimer.
3m 31s
De Wëlle Mann
An der Alstad beim Fëschmaart gëtt et d’Rue Wiltheim, eng kleng, historesch Gässelchen, wou op Nummer 12 an der Mauer eng Statu vun engem wëlle Mann steet.
4m 5s
Déi 3 Hexentierm
Wann der vum Fëschmaart Direktioun Pafendall eroftrëppelt, hutt Dir se bestëmmt scho gesinn: déi kleng markant Tierm, och Hexentierm genannt.
3m 34s
De Lassner - 1. Deel
De Lassner, eng Stater Geschäftsfamill, huet 1860 um Eck Rue de la Reine a Gruef e Buttek opgemaach.
3m 20s
De Lassner" - 2. Deel
2006 gouf dat legendäert Lassner-Gebai um Knuedler no 100 Joer Geschäftsaktivitéit aus familiäre Grënn zougemaach a verkaaft.
3m 33s
Den Dicks
Den Dicks, mam richtegen Numm Edmond de la Fontaine, ass 1823 gebuer.
3m 54s
De Roude Pëtz
Well d’Waasserversuergung an der Festung Lëtzebuerg, virun allem a Krichszäiten, liewenswichteg war, huet de Vauban nei Pëtze gruewe gelooss.
3m 12s
Waasser an der Festung Lëtzebuerg
Zu Lëtzebuerg war d'Drénkwaasserversuergung am Mëttelalter an och an der Zäit vun der Festung e grousse Problem.
3m 46s
Spillleit
Am Mëttelalter an och a spéidere Joerhonnerte waren d'Spillleit als „fahrend Vollek“ an eise Géigende sympathesch Gäscht.
3m 27s
Huttgeschäft
Säit Mënschegedenke gëtt et Kappbedeckungen an deene verschiddenste Formen, Gréissten a Faarwen.
3m 56s
D’Grainskapell
Schonn an der Zäit vun de Kelte gouf et am Gronn eng Kultplaz mat enger Quell. Ënnert den Gallo-Réimer ass dunn do de Gott Granus veréiert ginn.
4m 15s
D'Heringerbuerg
Héich iwwert dem Mëllerdall op engem Fielsvirspronk gëtt et eng Plaz, déi schonn a keltescher Zäit als Fluchtpunkt benotzt gouf.
3m 52s
Eng mysteriéis Buerg
Am Mëllerdall, héich uewen op engem Fiels, verstoppt am Gréngs, leien d‘Ruine vun enger Buerg, un déi sech eng sëllege Legenden a Soe knëppen.
3m 41s
D'Randschelter Kierch
Randschelt an der Gemeng Wahl, am klengsten Duerf vu Lëtzebuerg, steet eng ural Kierch.
3m 42s
Den Aquedukt
Duerch Joerhonnerten hunn am Sirdall eng sëlleche Mille gedréint an e puer dovunner existéieren nach haut.
3m 43s
Den Alfa
Nodeems 1859 déi Stater Gare gebaut gouf, huet sech do ronderëm an de Joerzéngten duerno en äerdege Quartier entwéckelt.
3m 36s
D'Gare
Am Joer 1859 kënnt de Feierwon op Lëtzebuerg, an domadder gëtt am Festungsvirfeld déi 1. Gare gebaut.
3m 16s
De Karschnatz
Joerhonnerte waren d’Schaffpäerd hei am Land an der Landwirtschaft déi wichtegst Kraaft, fir schwéier Maschinnen ze schleefen.
3m 32s
De Jangeli
Vun 1890 bis 1953 ass d‘Schmuelspurbunn "Jangeli" vun Näerden iwwer Nidderpallen bis op Maartel eng 30 Kilometer queesch duerch Natur gefuer.
3m 48s
D'Näerdener Garen
Duerch de Feierwon krut dat klengt Dierfchen Näerden Enn vum 19. Joerhonnert eng besonnesch Wichtegkeet.
Home
Shows
Podcasts
Live